Europa Aktuell
Europa Aktuell
Wéinst der Terrormenace huet an de leschten Deeg zu Bréissel den Ausnamezoustand gegollten, déi Europäesch Institutiounen hunn awer quasi normal weider fonctionnéiert. De Premier Charles Michel huet gëschter Owend, no enger Reunioun vum Conseil de sécurité ugekënnegt, dass de Risikoniveau vu véier op dräi erofgesat gëtt, wat ëmmerhin nach eng méiglech a wahrscheinlech Menace bedeit. Am Hibléck op d'Reunioun vun den 28 europäesche Staatschefen mat der Tierkei den nächste Sonndeg ass dëst ee besonneschen Defi fir déi belsch Police, déi sech iwwer ze mann Effektiver beklot.