Album vun der Woch
Agathe Iracema / Feeling Alive
Den einfache Wee geet d'Sängerin vum Agathe Jazz Quartett op 'Feeling Alive' also net. Si séngt sech net duerch bekannte Klassiker aus de vergaangene Joerzéngten, setzt éischter op méi Onbekanntes aus hirer Heemecht an huet dräimol selwer komponéiert. Och huet si, zesumme mam Juan-Sébastien Jiménez, den Arrangement vum Album iwwerholl. Begleet gëtt si vum Laurent Coulondre op Piano, Fender Rhodes a Wurlitzer, dem Jérémy Bruyère um Bass an dem Drummer Pierre-Alain Tocanier. En Trio, dee genee wéi déi zwee prominent Gäscht Nicolas Folmer a Fred Wesley, am Déngscht vun der Saach steet: eng talentéiert Musekerin an der éischter Rei ënnerstëtzen, déi mol op liewegen a wibbelegen Jazz setzt, mol hir waarm Stëmm a rouege Ballade zur Geltung bréngt.
Den Album ass erauskomm bei Neuklang (Edel/Harmoni Mundi NCD4106)