Europa Aktuell
Euthanasie an der Belsch
Dat lescht Joer gouf d’EU mat e sëlleche Krise confrontéiert, iwwerdeems déi 28 Memberstaten zesummen no gemeinsame Léisunge gesicht hunn. De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gouf es net midd z’ënnersträichen, dass mir “méi Europa” brauchen. Bei enger Rei ethesche Froe muss awer d’Souveränitéit vun de Staate geschützt ginn, fir dass Europa a senger ganzer Diversitéit weider bestoe kann. Beispiller sinn den Avortement, oder och nach d’Euthanasie. Just dräi Memberstaten hu se autoriséiert, notamment d’Belsch. 13 Joer nodeems d’Gesetz a Kraaft getrueden ass, ginn et awer nach ëmmer ganz kontrovers Diskussiounen.