D’Presidentin vum Staatsrot begréisst déi generell Ausriichtung vun der Reform vun der Institutioun déi si presidéiert. Gläichzäiteg huet d’Viviane Ecker de Moie bei eis op der Antenn awer och gewarnt, datt mat der Reform de Staatsrot seng Onofhängegkeet vun der Politik kéint verléieren. Engersäits well d’Zesummesetzung vum Conseil d’Etat sech an Zukunft um politesche Kräfteverhältnis vun der Chamber orientéiert. Anerersäits ass d'Presidentin vum Staatsrot och dogéint, datt an Zukunft d’Vote vun den Deliberatiounen am Staatsrot public gemaach ginn. Och dat géing zu politeschem Drock féieren. De Staatsrot huet rezent den Avis publizéiert iwwert de Gesetzprojet zu senger eegener Reform. - Der Viviane Ecker hiert Mandat als Presidentin leeft an dräi Méint aus, well si dann 15 Joer laanger Member vum Conseil d’Etat ass.
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Viviane Ecker
Episoden
Paul Philipp, President vun der Fussball-Federatioun
De Paul Philipp ass muer um Kongress zu Wëntger den eenzege Kandidat fir seng eegen Nofolleg als President vun der FLF. Et gëtt säi 7. Mandat un der Spëtzt vum Verband.
Martine Deprez, CSV-Sozialministesch
No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?
Nora Back, Presidentin vum OGBL
D'nächst Woch gëtt an der Tripartite weider verhandelt. Mir froen d'OGBL-Presidentin, wat si sech vun der Regierung erwaart.
Marc Lauer, President vun der Union des Entreprises (UEL)
Mir froen den UEL-President mat wéi enge Fuederungen d'Patronat haut an d'Tripartite geet.
Claude Robinet, neie Lëtzebuerger Arméichef
De neie Generol iwwerhëllt eng Arméi déi séier wiisst. Mir froen hien wat déi gréisst Erausfuederunge sinn, déi an de nächste Joren op hien duerkommen.
Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant
Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert
Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin
Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest?
Marc Reiners, President vum Produzentecomité bei Luxlait
D'Luxlait iwwerhëlt temporär 50 fréier Ekabe-Produzenten, kann deenen hir Mëllech awer net hei am Land verschaffen. Wat bedeit dat fir déi Concernéiert a fir d'Molkerei selwer?
Marc Schoentgen, Co-Direkter vun der Stëftung ZpB
Den Zentrum fir politesch Bildung feiert 10 Joer. Eng Zäit, an där Desinformatioun a Politikverdrossenheet allgemeng zougeholl hunn. Wéi geet een dogéint vir?
Guy Bley, Haut-Comissaire à la protection nationale
Wat ass d'Zil vun der neier Campagne fir 72 Stonnen Autonomie vun de Bierger bei nationale Krisen? A wéi prett sinn d'Autoritéite wann déi "nächst Kris bestëmmt kënnt"?
Patrick Michaely, Direkter vum Naturmusée
Virun 30 Joer ass den MNHN vum Fëschmaart an de Gronn geplënnert. Wéi huet e sech zënterhir entwéckelt? A wéi soll e sech nach weider entwéckelen?
Gilles Roth, CSV-Finanzminister
Froen iwwer de Budgetsprojet fir 2027, dee gëschter an der Chamber déposéiert a virgestallt ginn ass.
Dr. Emile Bock, President vun der SLMUC
Wat ass d'Zil vun där neier “Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de Catastrophe”? Dat froe mir hire President.
Marc Wagener, Generaldirekter vun der Croix-Rouge
Den 1. August huet de fréieren UEL-Direkter d'Nofolleg vum Michel Simonis un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwerholl.
Astrid de Leeuw, Ligue Santé Mentale
Haut ass den Optakt vun der 5. Semaine de la santé mentale. Si steet ënner der Iwwerschrëft "On a tous un bagage. Ensemble, avançons plus légers!".
Simone Niclou, Vize-Rekter vun der uni.lu
Wéi geet et viru mam Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg? Wéini kënnt de Master? A wéi ass et mat weidere Spezialisatiounen?
Claude Wiseler, Chamberpresident
Dronen, Petititiounen, Piraten a Stabilitéit vun den Institutiounen: Dat si Stéchwieder am Gespréich mam éischte Bierger vum Land.
Michel Reckinger, UEL-President
Haut ass dem Michel Reckinger säi leschten Dag als President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen: Zäit fir e Bilan.
Georges Wagner, Direkter vun der Associatioun vun der Assurance accident
D'AAA ass zoustänneg fir d'Preventioun an Entschiedegung bei Accidenter um Wee bei an op der Aarbecht souwéi bei Beruffskrankheeten. Zejoert gouf se iwwer 15.000 Mol sollicitéiert.