Europa Aktuell
Bleift Groussbritannien an der EU ?
De britesche Premier David Cameron huet de leschten Dënschdeg senge Ministere gréng Luucht ginn, fir Campagne fir de “Brexit” ze maachen, den Austrëtt vun England aus der Europäescher Unioun. Eng Aktioun, déi alles aneschtes wéi ongeféierlech ass, zemools grad elo zu Bréissel d’Verhandlunge weider ginn, mat am Mëttelpunkt déi britesch Propositioune fir eng Reform vun der Europäescher Unioun. Mä souguer wann den David Cameron sech kéint duerchsetzen ass net garantéiert, dass seng Wielerinnen a Wieler och wäerte mat zeien. Eng Analyse vun eiser Bréissel-Korrespondentin Loreline Merelle