De Fonds Belval ass, als ëffentleche Bauhär vun der Cité des Sciences, dozou verflicht, a Konscht ze investéieren. Mee am Plaz een eenzegt Konschtwierk bei engem eenzelne Kënschtler ze bestellen, huet de Fonds-Comité décidéiert, d’’Public Art Experience’ an d’Liewen ze ruffen, an op déi Manéier mat Kënschtlerresidenzen e ganze Koup Artisten an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen. Zanter dem 1. Januar d’Martine Feipel an de Jean Bechameil.
540 Dossieren waren an der Bréifboîte vum Fonds Belval nom Opruff fir d’Kënschtlerresidenzen geland. Déi mannste koume vu Lëtzebuerg. Vun deenen 9 Kandidaturen, déi zeréckbehale goufen, sinn de Jean Bechameil an d’Martine Feipel déi eenzeg aus dem Grand-Duché. Vläicht associéieren en etlech eng Residenz mat engem Auslandsopenthalt. Fir d’Kënschtlerkoppel huet de Belvalsite awer och eppes Friemes, bal Ausserierdesches. Do wollten déi 2 onbedéngt hin an e Projet zum Thema 'Robotik' ausschaffen. Zäit hunn si bis den 1. Juli. Explikatiounen vum Kerstin Thalau.