arrow_back_ios
Europa Aktuell
Wou ass Griicheland mat der Ëmsetzung vun de Reformen drun?
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
D’Finanzministeren aus der Eurozone si gëschter op d’Situatioun a Griicheland zeréckkomm, sechs Méint nodeems op de leschte Stëppel een Accord tëscht der Tsipras- Regierung an de Creancieren erreecht gi war. D’Finanzministeren drécken drop, dass d’Reformen a Griicheland esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn. Virop d’Pensiounsreform, ee besonneschen Defi fir d'Regierung vum Premier Alexis Tsipras.