D’Marie-Françoise Plissart huet sech zanter den 1980eger an hirer Heemecht, der Belsch, mee och am Ausland, en Numm als Fotografin gemaach. Bekannt sinn haaptsächlech hier urban an hier architektonesch Vuen, ee vun hire Liblingssujeten ass Bréissel.
Der Marie-Françoise Plissart hire Parcours gëtt dack als Mosaik bezeechent. Sie wier atypesch an net ze klasséieren, war des lescht nees an der belscher Press ze liesen. D’Marie-Françoise Plissart, Joergang 1954, ass ausgebilt assistante sociale. Geschafft huet si an deem Métier ni. Si war awer Librairin an Taxichauffeuse. Während hiren Tier ouni Enn duerch Bréissel ass si zu enger onermiddlecher Observatrice ginn. An da fir d’éischt Fotografin, duerno och Réalisatrice.
Inspiratioun, Expiratioun. Fir d’Marie-Françoise Plissart gëtt et dacks just eng Manéier e Sujet ze traitéieren. An do wiere mir nees beim Mosaik. Den Ament presentéiert d’Kënschtlerin am Botanique zu Bréissel d’Ausstellung ‘Aqua Arbor’, déi an e puer Sektiounen ënnerdeelt ass: 1. Aqua / les mers: schwaarz-wäiss Fotomosaiken vun der Nordséi, vum chineseschen a baltesche Mier, vum indeschen Ozean, vum Pazifik, vum Atlantik. Opnamen aus 12 Joer, 9-12 Eenzelopnamen erginn eng grouss Vue.
Der Horizontalitéit vun de Vuen op d’Mier wollt d’Marie-Françoise Plissart awer och eng gewëss Vertikalitéit entgéint setzen. Esou ass et zum Kapitel ‘Arbor’ komm: eng Sélectioun vun ongewéinlechen schwaarz-wäiss Naturopnamen aus de leschten 25 Joer. Ee Bild erzielt esouvill ewéi e ganzt Mäerchebuch; et ass bal net ze faassen, wéi d’Marie-Françoise Plissart hei d’Saach op de Pixel bréngt.
D'Kerstin Thalau kann d’Ausstellung ‘Aqua Arbor’, am Bréisseler Botanique, also nëmme recommandéieren.