Album vun der Woch
Lyambiko - Muse
8 min
Eng net alldeeglech Initiative vun der 37jähreger Interpretin, déi Lidder vertount vun e.a. Joni Mitchell, Stevie Nicks, Abbey Lincoln, Consuelo Velasquez an Erica Wright. Besonge ginn déi kléng a grouss Widderstänn, déi engem am Liewen entgéintkommen, et ass en Hommage un den Tenorsaxophonist Lester Young derbäi, an natierlech fehlt och dat éiwegt Thema 'Léift' net. "Dës Fraen si meng Inspiratioun, meng Musen, dofir och den Titel vum Album", esou d'Lyambiko, déi begleed gëtt vum Marque Lowenthal (Piano), Robin Draganic (Bass) an Heinrich Köbberling (drums).
De Quartett ass live den 21. Januar an der Philharmonie z'erliewen. 'Muse' ass erauskomm op Sony Music (8888 377 8232)