E Land an der Nokrichszäit.
Wéi geet d' Gesellschaft mat den Nowéien domadder ëm, wéi gëtt e Staat rëm rekonstruéiert? A sengem priméierten Theaterstéck „La vérité m' appartient“ setzt d' Nathalie Ronvaux sech mat de ville Froen an der Sich no der Wouerecht an der Schold auseneen.
D' Nathalie Ronvaux huet sech fir dëst, 2013 mam nationale Literaturpräis ausgezeechent Bühnenstéck mat dëser, nach ëmmer aktueller Thematik auserneegesat. De Charel Muller inszenéiert d' Theaterstéck an der Koproduktioun vun de Stader Theateren an dem Escher Theater. D' Autorin, déi selwer scho Regie gefouert an assistéiert huet, verfollegt ganz gespaant d' Aarbecht an d' Entwécklung vu sengem Text bis op d' Bühn...