Wat verstoppt sech hannert ‘Sounddreck’, ‘Nordpoul’ oder ‘Soundpfeil’? Klanginstallatiounen vum Misch Feinen.
Den 20. Januar war am Centre des Arts pluriels, dem CAPE, zu Ettelbréck, de Vernissage vum Misch Feinen senger Ausstellung 'Sonnord'. Also net 'sonore', wéi klangvoll oder akustesch, mee 'Sonnord', de Sound vum Norden. Den Zeechner, Metall- an Objetskulpteur a Muséker Misch Feinen huet am Cape-Foyer eng ganz Parti metalle Klangskulpturen installéiert, déi de Visiteur zum Kucken, Experimentéieren a Lauschteren invitéieren. D'Kerstin Thalau mat den Explicatiounen.