All véier Joer organiséiert de Cercle des Amis de Colpach an Zesummenaarbecht mam Institut Pierre Werner, dem Kulturministère, dem Lëtzebuerger Nationalarchiv ArcelorMittal e Concours fir eng Auszeechnung, als Gedenken un d’Aline an den Emile Mayrisch. De Sënn vun dësem Concours ass, am “ Geescht vu Colpach” di kulturell, politesch an ökonomesch Verstännegung ze ënnerstëtzen.
2015 ass den Historiker a Politikwëssenschaftler Professer Dokter Wilfried Loth mat dësem Präis ausgezeechent ginn, an den 20. Januar 2016 war d’ Präisiwwerreechung an der Abtei Neimënster.