Den Tom Dockal huet sech d'Fro gestallt, wéi sech journalistesch Acteuren an déi sozial Netzwierker vis-à-vis vu prominente Doudesfäll verhalen. Um Uffank vun der Reflekioun an Diskussioun steet en Artikel mam Titel “R.I.P., du Opfer”_Ein Leitfaden für Pietät 2.0, deen Uffank Januar beim Kaput Magazin (www.kaput-mag.com) ze liese wor.
Am Bäitrag komme zu Wuert:
Linus Volkmann, Auteur vum Artikel, fréiere Chefredakter adjoint vun Intro, fräischaffende Journalist a Schrëftsteller
Klaus Walter, fräischaffende Radio DJ (ByteFM) a Journalist (ë.a. SPEX a taz)
Aus dem Artikel liest vir: Mick Entringer