Europa Aktuell
D'Enn vum VW-Manipulatiounsskandal?
D’EU-Kommissioun huet dës Woch Virschléi gemaach, fir d’Iwwerwaachung vum Automobilsecteur ze verstäerken: dat sechs Méint, nodeem d’"Affär Volkswagen” rondrëm manipuléiert Ofgastester bekannt gi war. D’Kommissioun zu Bréissel wëllt Strofen aféieren a gemeinsam Audite mat de Memberstate bei den Autos-Produzenten. Mee d’Virschléi vun der EU-Kommissioun am “VW-Skandal” kéint och Problemer mat sech bréngen.