Album vun der Woch
Lucinda Williams - The Ghosts Of Highway 20
Knapps ee Joer no hirem héichquotéierten Duebelalbum "Where The Spirit Hits The Bone" mécht déi 62-jähreg Amerikanerin sech erëm un d'Geschichtenerzielen. Si fiert queesch duerch den US-Süden, begéint Stied aus hirem Liewen, erënnert sech ... an dréit hir Souveniren mat der gewinnt rauer a sprocker Stëmm vir. Presséiert ass si dobäi net, just 3 vun de 14 Lidder sinn ënner 4 Minutten, wat erzielt gi muss gëtt eben erzielt. Um Highway 20 schéngt Zäit net ze zielen, op d'mannst net fir d'Lucinda Williams. En amerikaneschen Album, mat Pedal Steel an Twang, mat engem Schotz Gospel a Blues, mat der enger oder anerer verzerrter elektrescher Gittar déi Akzenter setzt. Kino am Kapp, e musikalesche roadmovie ... presentéiert vum Fred Medernach.