D’Multimedia-Kreatioune vum franséische Kënschtlerkollektiv ‘Pleix’ waren an de leschte Jore grad esou am Centre Pompidou an an der Paräisser Gaîté Lyrique, wéi och am Modern Art Museum zu San Francisco an am Tokyo Museum of Photography ze gesinn. A vu muer un am Ratskeller vum Cercle Cité an der Stad!
D’Welt ass dem Kollektiv Pleix säin Handlungsfeld, seng Konscht soll der heiteger Gesellschaft en déforméierte Spigel virun d’Nues halen. Privilegiéiert Sujeten sinn d’Einsamkeet an den iwwerméissege Konsum, also de Mënsch, dee sech a senger permanenter Sich nom nächste Kick mat Artikelen zoutässelt. D’Pleix-Expo am Cercle Cité ass mat ‘Future Days’ iwwerschriwwen a weist 8 Kreatiounen, déi Titelen ewéi ‘family shade’ oder ‘astral body church’droen; d’Installatioun déi speziell fir d’Filmfest kreéiert ginn ass, nennt sech ‘Codec’. D’Kerstin Thalau wollt vum Anouk Wies vum Cercle Cité méi gewuer ginn.