D’Broschür vun der Saison 2015/ 2016 vum groussen Theater ass e puer Zentimeter déck, also scho quasi e Buch a kee Katalog. Den Danz -deen dack als Stéifkand vun der Bühnekonscht bezeechent gëtt- huet interessanterweis bal grad esouvill Säiten ewéi den Theater. Mee wéi kënnt et zu esou enger Danzprogrammatioun?
Esouguer wann den Direkter Tom Leick 24 Stonnen den Dag an de Beräich Danz investéiere géif, wier et onméiglech, all Produktioun, all villverspriechenden neien Stär um Danzhimmel live mat ze erliewen an dann e Choix ze treffen, deen de Goût vun all Spectateur trëfft. D’Noss gëtt anescht geknackt: engersäits entstinn duerch invitéiert Kënschtler Kontakter zu aneren Haiser, an dann ass de groussen Theater an engem inoffizielle Réseau dran, an deem Découverte mat de Partner ausgetosch an Tuyaue weider gi ginn. D’Kerstin Thalau am Gespréich mam Tom Leick.