Europa Aktuell
Efforte fir een aneren Image vu Molenbeek
No den Attentater am November zu Paräis, wëllt déi Bréisseler Gemeng Molenbeek-Saint-Jean hiren Image verbesseren. An der internationaler Presse gouf dës Gemeng jo als Dréischeif vum Dschihad an Europa duer gestallt. An der Tëschenzäit huet Molenbeek verschidden Initiativë lancéiert, fir der Ëffentlechkeet aner Facettë vun der Gemeng ze presentéieren. De Buergermeeschter huet Ufank Januar och een Anti-Radikaliséierungs-Plang annoncéiert: dat no engem joerzéngtelaange "laissez-faire" vun den Autoritéiten.