Am Utopolis Kierchbierg leeft dem Tom McCarthy säi Film "Spotlight", dee fir eng Rei Oscaren nominéiert ass, dorënner dee fir de beschte Film. Iwweregens ass dëst och e "Coup de Coeur" vum Radio 100,7 fir de Mount Februar!
"Spotlight" baséiert op reelle Faiten an handelt vun enger Équipe Investigatiounsjournaliste bei der Zeitung The Boston Globe, déi tëscht 2001 an 2002 en enorme Skandal vu Kandsmëssbrauch duerch pädophil Paschtéier, a seng joerzéngtelaang Vertuschung, opgedeckt hunn.