Am Mierscher Literaturhaus leeft bis den 30. September 2016 eng Ausstellung iwwer d'Entstoung an d'Entwécklung vu literareschen Texter. De lëtzebuerger Literaturarchiv stellt Dokumenter an Objeten aus, déi während 20 Joer gesammelt goufen an d'Zeie vu Schreifprozesser vun Auteure sinn. A fënnef Säll, thematesch opgedeelt, kann een op d' Spure vun de Geschicht hannert de Geschichte goen. Eng radiophonesch Visite mat Erläuterunge vun de Experten an Organisateure vun dëser besonnescher Ausstellung.
An der éischter Emissioun vun der fënnefdeeleger Serie stellt d' Valerija Berdi d'Ausstellung an den éischte Sall vir, wou zäitgenëssesch Auteuren aus Lëtzebuerg hire Schreifvirgang presentéieren, begleet mat Erklärunge vum Claude D. Conter, Direkter vum Literaturarchiv.