Déi fréier Duchfabrik matzen an Tréier ass haut en onofhängegen Kulturzentrum, d'Tufa, an deem Theateropféierungen, Liesungen, Concerten, Danzworkshopen, Konschtcoursen an Konschtausstellungen gebuede ginn. Vum 12. bis de 14. Februar erwaard iech do den 'Opening 16'.
‘Opening 16’...den Numm ass Programm: de Klangkonschtfestival an der Tréierer Tufa soll eng Zort oppenen, frësche, Start an d’Kultursaison 2016 sinn; 16 net nëmmen wéinst 2016, mee och well et sech ëm déi 16. Editioun handelt. Déi e wéineg aner geckeg Alternativ zu Fuesboken a Kamellecortègen am –wéi d’Statistike soen- groosten traurege Mount Februar.
D’Spannweit ass net nëmme bei der Musek viséiert, mee och beim Publikum. Also huet de Curateur vum Festival, de Perkussionist a Klangkënschtler, den Tréierer, Bernd Bleffert net nëmmen 10 Concerten, mat Wierker vun Igor Stravinsky bis Olivier Messiaen, dertëscht nei tierkesch Musek an al japanesch Kläng, mee och eng stëll Oper an déi eege Performance ‘Sandstrahlen’ -e Ritual fir en Dësch, Sand an eng Sängerin- programméiert. A fir d’’Juni-oueren’ ginn et kidsworkshopen mat Smartphonen an imaginär Instrumenter bastelen. Dës ganz Woch hunn sech doriwwer eraus Klangkonschtstudente vu Saarbrécken an der Tufa breed gemaach. Si notzen d’Duchfabrik als Laboratoire, preparéieren eng Ausstellung fir de Festival. Explikatiounen Kerstin Thalau.