Album vun der Woch
Tasha Taylor - Honey For The Biscuit
Op hirem drëtten Album inspiréiert sech d'Tasha Taylor um Sound, deen de legendären R&B-Label vu Mëtt de sixties bis an d'siwwenzeger Joren era populär gemaach huet: eng Mëschung aus deene musikalesche Richtungen, déi besonnesch bei der schwaarzer Audienz populär waren - Funk, Soul a Blues, mol méi rockeg zerwéiert, mol méi douce opbereet. Kee Wonner, ass d'Tasha dach d'Duechter vun der Stax-Ikon Johnnie Taylor ... an den Apel ass an dësem Fall wierklech net wäit ewech vum Stamm gefall. Déi 13 Lidder - vun der Musekerin selwer produzéiert - rullen a fléisse gutt, di wibbelen, villes ass fir op d'Danzpist, ob uptempo oder Slow. Fir de Fred Medernach eng funky Vitaminnpëll am sechzeger Vintagelook, dynamesch an an exzellenter Tounqualitéit vun haut zerwéiert! Als Gäscht derbäi: Keb Mo, Robert Randolph, Samantha Fish an Tommy Castro.
Tasha Taylor Honey For The Biscuit, Ruf Records RUF 1225; méi Informatiounen kritt Dir op www.rufrecords.de an op www.tashataylor.com