Europa Aktuell
Muss China de Statut vun enger Maartwirtschaft kréien?
Wéi China 2001 Member vun der Welthandeslorganisatioun ginn ass, hat et sech d'Etiquette vun enger "économie non marchande" ginn. Vum 11. Dezember dëst Joer u kéint China awer de Statut vun enger Maartwirtschaft kréien. Déi 28 EU-Memberstaten hunn also bis Enn vum Joer Zäit fir ze tranchéieren. D'Fro ass ganz sensibel well se riskéiert d'Protectiouns-Barrièrë géint deloyal Konkurrenz méi schwaach ze maachen. Verschidden Etuden hu erausfonnt, datt e Wiessel vum Statut vu China laangfristeg 3,5 Millioune manner Aarbechtsplazen an Europa kéint bedeiten.