Album vun der Woch
Ina Forsman
Um Ufank stung eng Castingshow zu Helsinki. Méi séier huet d'Ina Forsman sech vun dësem Entourage lassgesot an huet bei enger finnescher Bluesband matgemaach. Dem Mondharmonika-Ass Helge Torquits ass hiert Talent opgefall an no e puer gemeinsame Sessions stung fest: fir den Debutalbum ass Austin, Texas genee déi richteg Plaz. Déi 11 Kompositiounen sing eng gemeinsam Saach vun der Sängerin an dem finneschen Topgittarist Tomi Leino, d'Produktioun huet de Mark Kazanoff iwwerholl. Deem seng laangjähreg Erfahrung bei Roomful Of Blues an den Texas Horns héiert een däitlech eraus. Vill Soul, e Schotz Blues, knackeg Bléiser-Arrangementer ... an eng Stëmm, déi fir dee Genre wéi gemaach ass!