Am August zejoert hat de Roger Willemsen public gemaach, dat hie Kriibs hätt. Duerno huet en sech aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn.Gëschter koum aus Hamburg déi traureg Nouvelle, dat de Roger Willemsen de Sonnden de Kampf géint d'Krankheet verluer hätt.
Fir de Jay Schiltz war de Willemsen net nëmmen Publizist an Tëleemoderator, mee virun allem ee vun de groussen Intellektuellen, Humanisten a brilliante Rhetoriker vun eiser Zäit.