Europa Aktuell
Europa Aktuell
Beim Referendum 1975 a Groussbritannien ware 65 Prozent vun de Wieler fir eng Memberschaft an der Europäescher Unioun. Fir de Referendum vum 23. Juni dëst Joer ass et de Sondagen no vill méi knapp. De Szenario vun enger Sortie vu Groussbritannien aus der EU gëllt als credibel mat d'Konsequenze vun esou engem Schrack si schwéier virauszegesinn. D'Méiglechkeet vun engem "Brexit" gëtt et schonn zënter Groussbritannien 1973 EU-Member ginn ass. Vu Bréissel e Bléck zréck vum Kattalin Landaburu op iwwer véier Joerzéngte Relatiounen tëschent London an Europa.