Album vun der Woch
Dieter Birr - Maschine
Mat senge Reprisë vun deenen Lidder, déi d'Puhdys bekannt gemaach hunn - an Ost a West - huet den haut 72jähregen en Album produzéiert, dee kloer fir den däitsche Plackemaart konzipéiert ass. De Birr weess Geschichten z'erzielen an Emotiounen ze vermëttelen - déi net nëmmen awer besonnesch am fréier getrennten Däitschland de Publikum beweegen. Um Album si mat ë.a. dem Wolfgang Niedecken an dem Toni Krahl (ex-City) bekannte Gäscht vertrueden. presentéiert vum Fred Medernach.