D'Mandoline Baroque ass en Instrument wou zur Zäit vun der Renaissance an dem Baroque immens benotzt gouf. Aus dem 16te Joerhonnert bis hinn zum 18te Joerhonnert war d'Mandoline an Däitschland, Frankräich oder nach an Italien, dat traditionellt Instrument par excellence.
An de leschten 20 Joer kennt d'Mandoline Baroque mam Revival vun der Baroque Musek, en zweet Liewen. De Carlos Munoz, Professer am Escher Conservatoire, wéi och an der Musikhochschule zu Saarbrécken, gëllt als eng Weltpointure mat sengem Ensembel fir al Musek, Artemandoline. Hien erkläert dem Manuel Ribeiro de Oflaf vum zweete Concours International de Mandoline am Escher Conservatoire, den vum 25te bis den 27te Mäerz 2016 geplangt ass.