arrow_back_ios
Europa Aktuell
Gëtt Glyphosat (Roundup) nach bis 2031 an der EU zougelooss?
Wat fir Gefore fir Mënsch an Déier laueren am Onkrautkiller "Glyphosat"? De "Centre international de recherche sur le cancer" geet dovunner aus, datt den Herbizid kriibserreegend kéint sinn. Etuden aus der Industrie, a virop vum Fabrikant Monsanto, behaapten de Géigendeel. D'Europäesch Kommissioun plangt, d'Zouloossung bis 2031 ze verlängeren. Vu Bréissel, eis Korrespondentin Kattalin Landaburu.