Mat sengem Wierk Satin Island war den engleschen Auteur Tom McCarthy op der Shortlëscht fir den Man Booker Prize 2015. Den Tom McCarthy schreift selwer iwwer Literatur a Konscht z.B. an der New York Times, der London Review of Books, an an anere Publikatiounen.
Bis dato huet de McCarthy nieft Satin Island 2015 am Joer 2010 C erausginn, 2007 Men in space an 2006 Remainder.
A Satin Island soll den "U" - Haaptpersonnage - un engem Projet schaffen, deen d'Zäit an där mir liewen definéiert an ausserdeem dat quasi Onméiglecht méiglech maachen: de sougenannte "Great Report" schreiwen: en ethnographescht Dokument, dat eist Zäitalter resuméiert.