De Klaus Hoffmann ass als Acteur, Auteur a virun allem Liedermacher bekannt - a säi Public geet dovun aus, datt him alles, wat hie mécht, einfach "von Hand gehe", well et eriwwer kënnt "als wenn das gar nichts wär" - sou wéi eben den Titel vu senger 2012 publizéierter Autobiografie mam Ënnertitel "aus meinem Leben".
Datt dat Liicht, dat Onbeschwéiert am Klaus Hoffmann senger Manéier eppes eriwwer ze bréngen, egal ob virun der Kamera oder op der Bühn, eigentlech d'Resultat vun Erfahrung a vill Aarbecht ass, gesäit een net onbedéngt, mengt d'Nathalie Bender.