Den Henri Wehenkel huet an den Editions du Phare eng nei Monographie iwwert de "Buchhändler, Journalist, Schriftsteller" Emil Marx (1899-1964) erausginn. Op ronn 100 Säite mat engem Unhang vu villen Dokumenter, beschreift den Historiker de Liewenswandel vun engem couragéierten an engagéierte Mann, dee fir seng Iwwerzeegunge geschriwwen a gestridden huet.
Eng Buchbespriechung vum Christian Mosar.