Album vun der Woch
Rokia Traoré - Né So
Besonnesch d'Flüchtlingsproblematik, mee och politesch a gesellschaftlech Mëssstänn kommen an den Texter vun der 40jähreger Sängerin zum Droen. Si wier sech bewosst, esou d'Rokia Traoré, datt si privilegiéiert wier, verglach mat de Milliounen Afrikaner, déi dagdeeglech ëm d'Iwwerliewe kämpfe mussen. Mat hirem Album wëll si eppes zréckginn, oprëselen, mobiliséieren - speziell an de westleche Länner. Dofir séngt si eenzel Lidder och op franséisch an op englesch, op dës Manéier stéisst hiert Uleies éischter op oppen Oueren. Presentéiert vum Fred Medernach.
Rokia Traoré, Né So, erauskomm bei Nonesuch / Warner