Zanter der Réouverture vum Casino Lëtzebuerg, fir den 20. Gebuertsdag vum Forum an der Ënneschtgaass, fonktionnéiert de Rez-de-chaussée als conviviale Labo fir zäitgenëssesch Konscht. E Café dierf do net feelen. An an dësem Ca(fé)sino an den fréiere Salons Saint-Hubert dierf natierlech d’Konscht net feelen.
D’Kënschtlerin Claudia Passeri hat - op Invitatioun vum Casino - e Projet fir eng Liichtinstallatioun ausgeschafft. Hire 6 Meter laange Neon setzt sech aus 2 Tuben zesummen, déi allebéid a Stëmmwelleform gebéit sinn. Eemol gëtt de Karl Marx, eemol de Kurt Cobain - grafesch - ze Wuert komme gelooss. Explikatiounen zum Konschtwierk Zeitgeist-Karl Cobain vum Kerstin Thalau.