Et fehlt een oppenen Nuetszenter, wou d’Leit sech kéinte stonneweis ophalen a wou se och dierfen Alkohol konsomméieren. Dat mengt d'Ute Heinz vun der Caritas Accueil et Solidarité am Gespréich mam Carole Schimmer. Zu Lëtzebuerg ginn et zwar Nuetsfoyeren ewéi den Ulysse zu Bouneweg, oder den Abrigado an den Abrisud zu Esch. Et ginn awer Persounen déi net wëllen an de Foyeren iwwernuechten.
Viru véier Méint gouf zu Bouneweg de Bistro "Le Courage" ageweit. Leit ouni feste Wunnsëtz kënnen do Alkohol konsomméieren, dee se selwer mat bréngen. Hei huet d'Caritas d'Erfahrung gemaach, dass den Alkoholkonsum méi "moderat" ass, wann d'Leit dobanne sinn. Et kéint ee sech ënnerhalen oder och eppes spillen, sou d'Ute Heinz. D’Struktur huet Plaz fir 35 Persounen. Déi Kapazitéite sollen ausgebaut ginn.
D'Ute Heinz betount, dass an hiren Aen eng Offer u speziell encadréierte Wunnengen fir méi eeler Sans-abrisen fehlt. Dës Leit missten wéinst hire Gesondheets- an Alkoholproblemer eng medezinesch Betreiung kréien, wieren awer ze jonk fir an een Alters- oder Fleegeheem. Eng nei Struktur zu Eech, mat 25 Studioen fir Leit iwwer 40 Joer, ass schonn iwwerfëllt.