Den 8. Abrëll kënnt dem Renaud säin neitsten Album eraus. Toujours debout, dat klengt kloer no: Ech sinn nach do, och no 40 Joer Musekscarrière. An de 1970er hat de Renaud mat sengem éischten Album Amoureux de Paname zimleche Succès. 1977 kënnt Laisse Béton. Dat ass Verlan, also à l’envers ze liesen an heescht da Laisse tomber. Et ass eent vu ville Beispiller vum Gebrauch vu Verlan an Argot am Renaud senge Musekstexter.
Et goung am Laf vum Renaud senger Carrière weider mat Texter, déi ëmmer nees um sproochlechen Niveau gespickt ware mat Wuertverdréier an Ëmgankssprooch. Et gouf dem Renaud säi Markenzeechen, seng deels ganz eege Sprooch, déi een net ëmmer verstan huet. Um neien Disk ass quasi kee Verlan méi, ganz bëssen Argot, a grammatesch korrekt Sätz.
De Renaud huet säi Bäitrag zur Héichzäit vum Verlan an Argot an der franséischer Sprooch geleescht, a ka sech fir säin Deel a Rou aus der Sproochenexperimentatioun zréckzéien. Hie gebraucht wuel nach Sproochausdréck, déi ursprénglech aus dem Familljelanguage kommen. Omnipresent Beispill: J’ai la banane, fir ze soen, datt et engem gutt geet. Mä dësen Ausdrock ass mëttlerweil sou verbreet, datt en eigentlech keen Argot méi ass.
Säin neien Disk huet de Renaud zesumme mam Michaël Ohayon, Renan Luce a Jean-Pierre Buccolo realiséiert. Presentéiert vum Nathalie Bender.