Vläicht hätt den amerikanesche Männermagasin Esquire ugangs vum Joer 1952 besser gehat, hirem deemools 26 Joer jonke Mataarbechter Hugh Hefner, 5 Dollar méi an der Pei ze ginn, wéi dee se gefrot huet. Well deen Ament hätt den Hugh Hefner sech nämlech net selbstänneg gemaach, an e wär och net zu där iwwergrousser Konkurrenz fir den Esquire ginn. De Hugh Hefner huet deemols gekënnegt, säi ganze Mutt zesummegeholl, sech, hei an do, Sue geléint, an 1953 d’Aventure Playboy lancéiert. En amerikaneschen Dram goung an Erfëllung an haut kann de Hugh Hefner mat sengem Lausbouwe-Grinsen op eng grouss Carrière zréck kucken, haut um Dag vu sengem 90. Anniversaire.
De Jean-Claude Majerus mat Detailer.