Zejoert huet den 3CL, de Centre de Création Choréographique Luxembourgeois, säi Förderprogramm „Les Émergences“ lancéiert. Jonk Talenter, déi de Schrëtt zum Choreograph woe wëllen an déi en originellt Konzept fir e Spektakel hunn, gi vum 3CL artistesch an administrativ encadréiert, fir hiert Stéck ze entwéckelen an ze verkafen. Mat dobäi d’Simone Mousset.
D´Simone Mousset huet Ballet an zäitgenësseschen Danz zu London studéiert, war 1 Joer beim Caracalla Dance Theatre zu Beirut, am Libanon, ass duerch Algerien an den Oman getourt. Si huet beim Novosibirsk State Ballet College Course ginn, zu Kopenhagen, zu London, a Portugal an an Amerika. Zu Lëtzebuerg war si zanter 2013 am Théâtre National als Bewegungsassistentin fir Theater aktiv an huet am Conservatoire enseignéiert. Mee d´Choreographéieren ass Neiland fir d’Simone Mousset. Esou datt d’Kënschtlerin sech no enger 1. Participtioun um „Émergences“-Programm zejoert, déi Kéier nach emol mat engem neie Projet gemellt huet. An si ass –als Duo mat der Elisabeth Schilling- vun der Jury ugeholl ginn.
D’Kerstin Thalau mat Explicatiounen zu hirem Projet, dee si den Owend am Cercle Cité presentéiert.