Kaleidoskop Theater - Schlass Betebuerg.
E Businessmann, deen d'Flemm mam Liewen huet, e Strummert, dee seng Plaz verdeedegt an eng jonk Fra, déi op der Strooss lieft a vu grousser Carrière als Topmodell dreemt.
D'Eva Paulin féiert Regie an dësem amüsanten awer och demaskéierende Stéck vum a mam Jean-Paul Maes. Valerija Berdi war bei de Prouwen am Kulturzentrum "beim Nëssert" zu Biergem derbäi.