Den däitsch-amerikanesche Literaturwëssenschaftler, Literaturhistoriker a Publizist Hans Ulrich Gumbrecht ass op Besuch am Institut Pierre Werner. Hien hält an der Abtei Neimënster en Virtrag iwwert d’Fro, wéi een Nationalismus d’Europäesch Unioun braucht an uschléissend ass eng Diskussioun zu dësem Thema mam Dr. Henning Marmulla vun der lëtzebuerger Universitéit.
Am Virfeld vun dëser Manifestatioun huet d’Valerija Berdi sech mam “global intellectual” , deen e Lehrstuhl fir d’Komparatistik op der Stanford University huet, ënnerhalen.