De Festival fir jonk Museker a Gruppen an der Rockhal huet 2016 zwou Alterskategorien. Nei ass och, datt de Projet d'Groussregioun mat abënnt.
Vum 13. Abrëll u kënnen interesséiert Museker sech op screamingfields.lu umellen. Am Mee kann de Public iwwer Facebook fir säi Lieblings-Artist ofstëmmen. Déi aacht Gewënner spillen de 16. Juli am Club vun der Rockhal.