Ëm den 23. Abrëll 1616 si se gestuerwen: de William Shakespeare, Theaterschreiwer an de Miguel de Cervantes, Geschichteschreiwer. Hu se Gemeinsamkeeten als Mënsch, als Schrëftsteller, als Weeweiser? Äntwerten dorop kann ee vum 21.-25. Abrëll am Neimënster kréien: hei kënnt d'Stéck The Tempest vum Shakespeare an d'Erzielung La historia del cautivo nom Cervantes op d'Bühn, mat de Musikensemblen Quatricinia an Le Tendre amour, déi béid mat Instruments d'époque den Toun, wéi an der Zäit vu Shakespeare a Cervantes produzéieren.
Ausserdeem ass eng performative Liesung vum Shakespeare sengem Sommernachtstraum konzipéiert ginn, déi sech u Kanner vu 7 Joer un adresséiert.