Zoufälleg Renconteren an onerfëllt Léift, héich Erwaardungen a virprogramméiert Enttäuschungen, spontan Decisiounen an onerwaart Konsequenze sinn d'Bausteng vun den Handlungen an Iwwerleeunge vun de Protagonisten am Linda Graf hirem neie Roman.
D'Geschicht vun den Eenzelnen hält awer net um Enn vun enger Erzielung op, si geet weider an nei Richtungen an op iwwerraschende Weeër.
Am Gespréich mat der Schrëftstellerin iwwert hiert neit Buch an dem Schreiwen an hirem neien Doheem um ionesche Mier ass d'Valerija Berdi.