Zweemol am Joer organiséiert déi Éisträichesch Ambassade en Owend, wou Kriminalliteratur, ausgesichte Wäiner aus Éisterräich an hausgemaachte Schmankerln kredenzt ginn.
De Manfred Chobot ass e Schrëftsteller, deen a ville Literaturgenren doheem ass. Kriminalliteratur ass fir hien en neie Genre, deen hien 2015 an zwee Kuerzgeschichtebicher erausbruecht an de Gäscht virgestallt huet. Impressioune vum Valerija Berdi.