Si war scho bal an de Vergiess geroden, well nom Iwwerhit aus dem Joer 1988 si wuel nach eng etlech gutt Albumen erauskomm - mee si sollt ni méi kënnen un de Succès vun deemools uknäppen. Dat neit Wierk ass en neien Depart, mat deem d'Tanita Tikaram hirer Manéier trei bleift: si interpretéiert 10 Eegekompositiounen, déi si sech selwer op de Läif geschriwwen huet. Hir Stëmm mécht Stëmmung, et erkennt ee se ënnert villen erëm, mat de Museker vum Van Morrison als Begleeder huet si de richtege Choix getraff. Léiwer Déifgang wéi Glam a Glitter: Closer To The People kéint duerchaus fir en neien Ufank stoen!
Tanita Tikaram, '"loser To The People'" ear music / Edel (0210912EMU), méi Informatiounen op www.ear-music.net Facebook:earmusicofficial