L'origine du monde ass e Stéck vum zäitgenëssesche franséischen Dramatiker Sébastien Thiéry, deen nieft senger ganz spatzer, zynescher an absurder Fieder och gäre provozéiert. Ee Beispill dofir, wéi den Auteur vu L’origine du Monde provozéiert, ass, datt hie sech bei der Nuits des Molières, de franséischen Theaterpräisser 2015, plakeg op d’Bühn, virun de Public an déi deemoleg franséisch Kulturministerin Fleur Pellerin gestallt huet, fir op de Statut vun den Dramatiker hinzeweisen. A genee dat passt och bei säi Schreiwen, wéi och d’Geschicht, déi am Stéck L’origine du Monde erzielt gëtt.
Dem Jean Louis säin Häerz ass stoe bliwwen. Dem Jean Louis seng Fra rifft e Marabout fir ze hëllefen. Dee seet, fir d'Häerz ze declenchéieren, soll de Jean Louis de Vagin vu senger Mamm fotograféieren. D'Fro steet am Raum: Boulevard oder absurden Theater? Äntwert vum Jean Claude Majerus.