Et packt een et wahrscheinlech guer net, fir op den zwee Deeg vun der "Invitation aux musées" den 21. an 22. Mee an all Muséeën, déi hir Dieren opmaachen, ze goen, well et sinn der 44 am ganze Land verdeelt.
Dofir mécht et Sënn, sech am Virfeld iwwer déi verschidden extra fir dee Weekend organiséiert Attraktiounen an Aktivitéiten z'informéieren an da geziilt dohinner ze goen, wou een am meeschte Loscht huet.