Europa Aktuell
Wéi funktionéiert de Flüchtlingsaccord EU-Tierkei an der Praxis?
4 min
Zu Bréissel, grad wéi zu Berlin, ënnersträichen déi Responsabel regelméisseg d’Meritë vum Accord tëschent der Europäescher Unioun an Ankara vum 20 Mäerz dëst Joer. D’Zuel vun Asyl-Demandeuren, déi a Griicheland ukomm sinn, wier vun an der Moyenne 7.000 den Dag op 50 pro Dag de leschte Mount zréckgaangen. Mee a Griicheland, wou bal 50.000 Migrante op den Traitement vun hirer Asyldemande waarden, bleift déi humanitär Situatioun schwiereg. An d’Hëllef, déi déi aner EU-Memberstaate versprach hunn, léisst op sech waarden.