arrow_back_ios
Europa Aktuell
Éischten Tëschenbilan vum Juncker-Plang
Mat 315 Milliarden Euro solle bis 2018 de Wuesstem an d'Beschäftegung an der EU relancéiert ginn, sou gesäit et de sougenannte Juncker-Plang vir. Dee gréissten Deel soll vu privaten Investisseuren opbruecht ginn, 21 Milliarden Euro gi via den EU-Budget an d'Banque Européenne d'Investissement bäigesteiert. Wou ass en am Ablack drun a wat bleift nach an de leschten annerhalleft Joer ze dinn? Vu Bréissel, eng Chronik vum Kattalin Landaburu.