Album vun der Woch
Paul Simon - Stranger To Stranger
Net Villes erënnert um zwielefte Solo-Album vum Paul Simon un déi Greatest Hits, déi hien an der Zäit mam Art Garfunkel opgeholl huet. Als eeleren Afloss ass virun allem de World-Aspekt bliwwen, un deen ee sech zanter Graceland (1986) gewinnt huet. Wat sécher och um Produzent Roy Halee läit, deen dem Simon op en Neits zur Säit stoung. "Stranger To Stranger" ass eng Kombinatioun aus dem Paul Simon senge Stäerkten zanter de Siechzeger, kombinéiert mat e puer méi zäitgenësseschen Akzenter. Ouni gréisseren Ouerewerm, mat kléngen dezente Soundiwwerraschungen, der omnipräsenter akustescher Gittar a vill Perkussioun. A mat der charakteristescher Stëmm vum Amerikaner, dee sech déi eenzel Lidder alleguer op de Läif geschriwwen huet.